Informations-Versammlung Petite Marquise

Op der Maartplaz zu Iechternach um Site vun der Petite Marquise, respektiv do hannendrun, soll sou gebaut ginn, datt den archeologesche Site erhale bleift.

Informations-Versammlung Petite Marquise
Potemkinsche Fassaden auf dem Echternacher Markplatz?

Erhale vum historesche Site op Biergerversammlung net a Fro gestallt.

Source RTL - Op der Maartplaz zu Iechternach um Site vun der Petite Marquise, respektiv do hannendrun, soll sou gebaut ginn, datt den archeologesche Site erhale bleift.
De Kulturministère huet sech ewell dofir ausgeschwat, de Site ze schützen. De Gemengerot wäert viraussiichtlech an der nächster Sitzung ugangs Mee säi positiven Avis ginn. Ofgewaart gouf nach eng Informatiounsversammlung, bei där gutt 150 Bierger d'Decouverte virgestallt kruten, grad wéi méiglech Aart a Weisen, fir se en Valeur ze setzen. Kee vun de Leit am Sall huet sech géint d'Erhale vum historesche Site ausgeschwat - och wann eng Rei Awunner sech froen iwwert d'Finanzéierung gestallt hunn.
De Staat géing op alle Fall seng Responsabilitéit iwwerhuelen an en Deel vun de Käschten iwwerhuelen, esou d'Kulturministesch Sam Tanson. Dofir misst een awer méi genee wëssen, wéi de Projet soll ausgesinn - an den nächste Méint gëtt elo en neie Projet fir de Site vun der Petite Marquise ausgeschafft.
D'Experten, déi d'Gemeng an de Ministère beroden, hunn ervirgestrach, datt et sech ëm eng ganz aussergewéinlech Decouverte géing handelen. Si hu sech fir e sougenannte "Schutzbau" ausgeschwat - dat heescht, datt sou drop gebaut gëtt, datt d'Iwwerreschter vum historeschem Gebai nach ëmmer siichtbar sinn.
Op där Plaz kéint iwwerdeems eng zentral Ulafstell entstoen, op där een alles iwwert d'kulturell Offer an d'Geschicht vun der Stad ka gewuer ginn.
Aus der Iddi vun enger Déifgarage, wéi et am urspréngleche Projet vun der Gemeng virgesi war, gëtt also näischt.

VIDEO : https://www.rtl.lu/kultur/news/a/1889193.html