Ëmgeehungsstrooss ?

Ëmmer méi Bierger schwätzen vun der Ëmgeehungsstrooss, well den Här Buergermeeschter schonn ëfters Undeitungen gemaach huet, an verschiddenen Gremien, dass de Schäfferot un enger Emgehungsstrooss géif plangen. Wou stinn mer do?

Ëmgeehungsstrooss ?
von Photovoltaik 

Contournement_Kreitzkapell
Ëmmer méi Bierger schwätzen vun der Ëmgeehungsstrooss, well den Här Buergermeeschter schonn ëfters Undeitungen gemaach huet, an verschiddenen Gremien, dass de Schäfferot un enger Emgehungsstrooss géif plangen. Wou stinn mer do?

Wann dir sot, mir plangen, wien ass mir?
Wat as beim Staat op regionalem oder och nationalem Niveau virgesinn?
Hu dir do scho Kontakt opgeholl, ginn et do Pour-parleën?

  • Zanter dem 1 Mäerz 2021 sinn d’Plans sektoriells a Kraaft, un deene Jore laang geschafft ginn ass. An deene si jo och Couloiren fir den Transport virgesinn. D’Emgeehungsstrooss ass an deem Plan Sektoriell net virgesinn! Mir fannen just d’Innerorts-Ceinture Charlys Bunn-Morgenstern. Huet d’Stad Iechternach aktiv schon eppes ënnerholl, an hu der e Schrëft-Stéck wou der genau déi doten Saachen zum gegebenen Zäitpunkt agesat hutt?
  • D’Plan sektorielle hu jo och e screening gemaach op d’Pläng duerch Natura 2000 oder aner geschützten Gebidder ginn. Wéi eng Schutzzonen sinn dann ob deenen virgesinnen Terrainen? Huet d’Staat Iechternach do schonn Etuden gemaach fir ze préiwen, ier der mat deenen Ukënnegungen eraus gaangen sidd?
  • Lo mol net nëmmen an Bezuch op Ëmwelt an Natur mee och wat des Emgeehungsstroos vun Auswierkungen op d’Geschäftswelt vun Iechternach hätt.
  • Wëssend dass en Deel vum Problem d’Camionen sinn, huet schonn emol een vun iech Kontakt opgeholl mat dem Ministère du Transport fir ze kucken d’Fro vun dem Déclassement vun der Europastrooss 29 unzegoen? Des Axe Köln-Lëtzebuerg-Sarreguemines (nord/sud) muss an engem sougenannten Kabinettsmeeting thematiséiert ginn.
  • Weiderhinn sinn en deel vum Problem eis däitsch Frontaliere. Wou sinn mer drun mat eisem Opfangparking op der Grenz. Sinn do schonn Schrëtt ënnerholl ginn? Souwuel lokal, wei national?
  • Dann bleift eisen hausgemaachten Trafik, fir en awer hei an der Diskussioun net ze vergiessen! Wär et net ubruecht lo mol ofzewaarden, wéi den Trafik an Iechternach évoluéiert wann des Ceinture mol en Place ass? Ass den Schäfferot an der Planung do aktiv mat agebonnen, à savoir dass eis zu Oueren komm ass dass Pont et Chaussée ze grouss geplangt hätt?

D’Fro un éischter Stell ass jo awer, ob et igendwei potentiell machbar ass, ier een den Bierger des Emgehungsstroos versprecht!
Horror Strassenbiegung Morgenstern

Ëmgeehungsstrooss - déi gréng Eechternoach
Ëmmer méi Bierger schwätzen vun der Ëmgeehungsstrooss, well den Här Buergermeeschter schonn ëfters Undeitungen gemaach huet, an verschiddenen Gremien, dass de Schäfferot un enger Emgehungsstrooss géif plangen. Wou stinn mer do?
Umgehungsstraße Echternach / Bislang nicht mehr als erste Pläne | Tageblatt.lu
Wegen der Pandemie musste die Gemeinderatssitzung vor rund einem Jahr vom Rathaus ins Trifolion verlegt werden. Da die Veranstaltungs- und Begegnungsstätte seit ein paar Wochen wieder ihr kulturelles
Ausschreibungen ab 2017: Vorarbeiten für Echternacher Umgehung laufen
Seit Anfang der 1960er-Jahre fordern die Echternacher eine Umgehung der Abteistadt. Seit März 2014 steht fest, dass der Ausbau der Rue Charly den Verkehr flüssiger gestalten soll. Zurzeit werden die für den Ausbau benötigten Terrains aufgekauft.
1974: Echternacher Erholungzentrum und Umgehungstrasse werden gebaut, Thull- oder Haardtrasse?
1974: Echternacher Erholungzentrum und Umgehungstrasse werden gebaut, Thull- oder Haardtrasse?