Euro-Composites

Euro-Composites

Grënn vum Brand sinn nach ëmmer onkloer. En Dënschdeg gouf et bei “Euro-Composites” zu Iechternach eng Explosioun mat uschléissendem Groussbrand. Iwwer 100 Pompjeeë waren am Asaz.

Um Dag nom grousse Feier konnt een d’Ausmooss vum Brand gutt erkennen. Et war net méi vill vun der Lagerhal iwwreg, ma et konnt evitéiert ginn, datt d’Feier op d’Halen niewendrun iwwergräift. Vun Euro-Composite ass et dann och d’Nouvelle, datt d’Brandursaach zum aktuellen Zäitpunkt nach net gekläert ass. source: RTL

En Deel vum Läschwaasser war jo an d’Sauer gelaf an hätt do d’Waasser verschmotzt …