OUTLET - Ze wéineg Geschäftsflächen, just eng Mark a guer keen Investisseur
Datt de Projet sou gutt wéi dout wier, géing och d'Tatsaach weisen, datt den externe Beroder vun der Gemeng op den 1. Mäerz gekënnegt huet.
D'nächst Joer soll zu Iechternach op d'mannst den éischten Deel vun engem Shopping Outlet opgoen. Dat gouf an der rezenter Gemengerotssëtzung vun der DP-LSAP-Koalitioun ënnerstrach an deementspriechend goufen och siwe Contrats de bails ugeholl, déi et Markegeschäfter aus de Beräicher Outdoor a Sport erlabe sollen, sech Mëtt 2027 zu Iechternach ze installéieren. Nieft der Majoritéit gëtt de Projet och vun der CSV matgedroen. Just déi zwee Conseillere vun deene Gréngen hu géint d'Kontrakter gestëmmt. En Donneschdeg hu si op enger Pressekonferenz esouguer dovu geschwat, datt de Projet sou gutt wéi dout wier.
Source: RTL par Marc Hoscheid

