Wé(nie) e Biergerrot zou Iechternach ? 

Goud Beispiel: Biergerrot zu EschD’Gemengenhaus ze kleng fir dee groussen Interessi

10.000 Escher-Awunner:inne kruten an de leschte Woche Post: Si goufe vun der Gemeng Esch invitéiert fir um éischte Biergerroot deelzehuelen. Nom Virbild aus dem Ausland soll ee Grupp vu Bierger:innen iwwer e puer Woche Virschléi ausschaffen, fir d'Liewensqualitéit an der Stad ze verbesseren. 

- Déi Virschléi kënnen da vum Gemengerot ëmgesat ginn.

Méi wéi 450 Escher Bierger:innen hunn op den Appell reagéiert a sech um Méindegowend am Escher Theater fir en éischten Informatiounsowend versammelt.
"D’Méiglechkeet zesummen eppes ze beweegen"

D‘Gemengenhaus, wou d‘Versammlung sollt sinn, war ze kleng, esou datt kuerzfristeg huet missen ëmdisponéiert ginn. D‘Bierger:inne waren aus deene verschiddenste Grënn op de Rendez-vous komm.

    “Ech hu gesinn, wéi Esch sech entwéckelt huet, vläicht heiansdo net an déi Richtung, wéi mir eis et geduecht hunn oder erhofft hunn. A fir mech ass et natierlech eng Opportunitéit, awer och eng ganz grouss Éier haut hei ze sinn a fir ze soen: Ok, mir kënnen awer eppes zesumme beweegen.”


Warscheinlech, wat mech interesséiert, dat sinn d'Geschäfter hei déi eidel sinn, an dann och d'Zesummeliewe mat de Leit. Dat wier schonn interessant.

   “Ech menge Verkéierspolitik, Wunnengsbau, Zesummeliewen, e bësse vun allem. Ech mengen als Escher ass dat sécherlech interessant, emol nozelauschteren an ze kucken, wat hei ze bidden ass.“

- Och d'Gemeng léiert hei vill bäi

D‘Notze vum ëffentleche Raum kombinéiert mat de Froe vun Integratioun, soziale Fonctionnement a Klimaschutz ass een éischte grousse Punkt, iwwer dee soll geschwat ginn.

D‘nächst Woch ginn da 40 Bierger:inne no verschiddene Krittären zeréckbehalen, déi gesinn sech bis de 25. Juni sechsmol a mussen dann ënner Leedung vun engem Moderateur Virschléi ausschaffen.

Fir de Joe Birsens, deen de Projet fir d‘Gemeng Esch leet, kéint am Idealfall eng permanent Biergervertriedung entstoen.

    “Dat ass ze hoffen, aus menger Siicht. Ech mengen och, datt et do e Wëlle gëtt bei eis op der Gemeng. Also dat ass eppes, wat d'ultimatiivt Zil ass. Herno muss ee kucken, wéi sech déi Saach an enger éischter Phas elo entwéckelt, ob dat e Succès gëtt.”

Et wier een elo an enger Testphas, esou nach de Joe Birsens. Esou hätt et dat nach net ginn, dowéinst géif och d’Gemeng elo vill bäiléieren.

Source: 100komma7.lu