Wat sinn d’Critèren Punkto Verkéiersopkomme
Äntwert vun der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Minister fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit op d'parlamentaresch Fro n° 2998 vum 7. Oktober 2025 vum Här Deputéierten Ricardo Marques. Den honorabelen Deputéierte freet no dem Verkéiersopkommes an der Loftqualitéit zu Réimech an zu Iechternach an no eventuelle Krittären.
Fro 1: Wat sinn d’Critèren Punkto Verkéiersopkommen, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee
Contournement?
Wat d'Krittären ugeet, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze evaluéieren, ob eng Gemeng fir d'Realisatioun vun enger Ëmgeeungsstrooss (Contournement) a Fro kënnt, spillt d'Verkéiersopkommes eng wichteg Roll. D'Evolutioun vum Trafic an déi entspriechend Prognosen iwwer seng zukünfteg Entwécklung ginn natierlech berécksiichtegt. Allerdéngs stellt dëse Faktor just ee vunde ville Parameteren duer, déi an d'Bewäertung afléissen. Dat gesot, sief drop higewisen, dass d’Opportunitéit an d’Machbarkeet vun enger Ëmgeeungsstrooss ëmmer vu Fall zu Fall analyséiert gëtt, a beim Verkéiersopkommes kee Grenzwäert definéiert ass, ab deem automatesch eng Ëmgeeungsstrooss geplangt gëtt.
An Zesummenaarbecht mat der betraffener Gemeng ginn dofir eng Rei vun Aspekter am Detail ënnersicht, déi vun Uertschaft zu Uertschaft variéieren. Op Basis vun dësen Analysen, souwéi am Kontext vun der funktioneller Klassifikatioun, wéi se am nationale Mobilitéitsplang PNM 2035 virgesinn ass, kann evaluéiert ginn, ob den aktuelle Stroossereseau – och mat weideren Optimiséierungsmoossnamen dat zukünftegt
Verkéiersopkommes nach ophuele kann. Sollt dat net de Fall sinn an och keng aner Alternative bestoen, kéint eng Ëmgeeungsstrooss als méiglech Léisung a Betruecht gezu ginn. Zum Schluss ass ze betounen, dass eng Ëmgeeungsstrooss net nëmme vu senger echnescher Machbarkeet ofhänkt, mee och déi ëmweltrelevant Aspekter eng entscheedend Roll spillen. Eng ëmweltverträglich Realisatioun ass also eng wesentlech Viraussetzung fir d'Weiderféierung vun esou engem Projet.N°2998 - Entrée le 12.11.2025 - Chambre des Députés
Fro 2: Wat sinn d’Critèren Punkto Loftqualitéit, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee Contournement?
Esou wéi beim Verkéiersopkommes, ass och bei der Loftqualitéit kee Grenzwäert definéiert, ab deem automatesch eng Ëmgeeungsstrooss geplangt gëtt. D’Loftqualitéit kéint awer eng Justifikatioun fir ee Contournement sinn.
Hei sief drun erënnert dat de Nationale Loftqualitéitsplang (PNQA), Moossname proposéiert fir d’Loftqualitéit ze verbesseren Fir d’Stickstoffdioxid (NO2 )-Konzentratioun an der Loft ënner de järleche Grenzwäert vu 40 μg/m³ ze bréngen, zielen d’Moossnamen haaptsächlech dorop of, de Volume vum motoriséierten Eenzelverkéier ze reduzéieren, respektiv besser ze regléieren, souwéi den Afloss vun Dieselmotoren ze verréngeren.
Zu de nationale, respektiv lokale Moossname gehéieren also:
• Promotioun vun der Multimodalitéit.
• Promotioun vun elektresche Gefierer.
• Verbesserung vum Verkéiersfloss.
• Informatioun a Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung.
Fro 3: Ginn et nach aner Critèren, déi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten uwent, fir ze decidéieren, op eng Gemeng eligibel ass fir ee Contournement?
Et ginn effektiv nach aner Krittären ewéi zum Beispill den “Accord européen sur les grandes routes de trafic international (AGR)”, deen duerch d’Gesetz vum 18. Juni 1981 approuvéiert gouf. Dësen Accord, respektiv dëst Gesetz stellt déi rechtlech Basis vun Europastroossen duer. Dobäi muss eng Europastrooss verschiddenen Ufuerderungen entspriechen, déi an dësem Accord gereegelt sinn. Dozou gehéiert ënnert aneren, d’Ëmfuere vun Uertschafte wou de Verkéier zu Belaaschtungen oder Sécherheetsgefore féiert. Eng Ëmgeeungsstrooss mécht virun allem Sënn wa vill Leit net d’Uertschaft als Ziel hunn, mee just transitéieren.
Fro 4: Wat fir een Niveau vu Loftqualitéit a Verkéiersopkommes gouf zu Iechternach gemooss?
Fro 5: Wat fir een Niveau vu Loftqualitéit a Verkéiersopkommes gouf zu Réimech gemooss?
Fro 6: Op Basis vun deene Critèren, sinn d’Gemenge Réimech an Iechternach eligibel fir ee Contournement?
Fro 7: Falls jo, wéini ginn d’Planungen fir de Bau vun engem Contournement an
deene Gemengen un?
Am Kader vun der landeswäiter Stickstoffdioxid (NO2 ) Miesscampagne, organiséiert an
ausgefouert vun der Ëmweltverwaltung, gouf 2024 an der Bausseloft zu Iechternach an der Rue des Remparts e Joresmëttelwäert vun 32 μg/m³ gemooss. An der Rue Ermesinde loung de Wäert bei 18 μg/m³. Dës Plaze goufe gezielt ausgewielt, fir déi méiglechst héichst Belaaschtungen ze erfaassen. Op anere Plazen, mat manner Verkéier an enger méi oppener Stroossestruktur, kann een dovun ausgoen, datt d’Wäerter däitlech méi niddreg sinn. Den europäesche Joresgrenzwäert fir NO₂ läit aktuell bei 40 μg/m³.
Zu Réimech gouf wärend där nämmlechter Miesscampagne 2024 e Joresmëttelwäert vun 29 μg/m³ gemooss. Och hei handelt et sech ëm eng Plaz, déi gezielt ausgewielt gouf, fir déi héchst méiglech Belaaschtung ze erfaassen.
Wat d’Verkéiersopkommes ugeet, esou zielt - iwwert dat lescht Joer op engem
duerchschnëttleche Schaffdag gekuckt - der Stroossebauverwaltung hire permanente Zieler N°1000 op der Nationalstrooss N2 zu Réimech eng 17 200 Gefierer. Zu Iechternach op der Nationalstrooss N11 zielt de Compteur N°1117 der eng 15 300.
Betreffend eventuelle bauleche Mesuren, verweisen mir bei der Gemeng Iechternach op d’Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°2729 vum 4. August 2025 déi de Sujet vun der “Voie de délestage”, spriech Entlaaschtungsstrooss, respektiv der Loftqualitéit an dem Verkéier zu Iechternach schonns thematiséiert huet.
Bezüglech Réimech, gouf 2016 eng Verkéiersetüd realiséiert. Dës huet erginn, dass 56 % vum Trafic entweder Réimech als Destinatioun (Zilverkéier) oder als Startpunkt (Quellverkéier) huet. Dee rengen Transitverkéier beleeft sech domat op 44 % vum Gesamtverkéier, woubäi een awer betoune muss, dass e groussen Deel vun deem Verkéier op Réimecher Gebitt generéiert gëtt a bezunn op den Territoire vun der Gemeng Réimech relativ kleng ass. Heibäi verweisen mir och op d’Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°3571 vum 3. Februar 2021. Momentan lafe keng Etüde fir eng Ëmgeeungsstrooss zu Réimech.
Lëtzebuerg, den 12. November 2025
D’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
(s.) Yuriko Backes
